De
15.Oktober 2011 sinn
d'Elblinger fir de 'Miseler Owend' zu Mertert engagéiert
ginn.
Den
1.Oktober 2011 gëtt
d'Rhäifränsch e 'Lëtzebuerger Owend' zu Lëntgen.
Den
11.September 2011 ass
d'Rhäifränsch mat engem neie Won mam Titel 'Sou laang net
d'Box um Stuwwelüster hänkt!' um grousse folkloristesche
Cortège vum Maacher Drauwen- a Wäifest
vertrueden.
Den
23.Juli an
den
30.Juli 2011 hunn
d'Elblinger an hir Gefuedeschen bäim Marc Thoma an dem Pol
Tousch hirem neie Film iwwert 'd'Engelcher vu Schëndels'
matgespillt, gesongen a gedanzt. Gedréit ginn ass zu
Schëndels an engem urege Café mat Keelebunn an am
legendären Alfa vis-à-vis vun der Stater Gare. Déi skuril
Geschicht, déi sech wirklech zu Schëndels zougedroen huet,
spillt am Joer 1933.
De
25.Juni 2011 trieden
d'Elblinger am Kader vun '10 Joer Gemengenhaus Bierg' am
Cabaretstéck 'Beschass am Schlass' an der Gemeng Betzder zu
Bierg op.
De
14. a
15.Mee 2011 maachen
d'Rhäifränsch hire 'kulturellen' Ausfluch op
Köln
1.Abrëll 2011: De
Musekstheaterveräin Rhäifränsch ass geéiert an houfreg fir
den éischte Stär vum neie Gréiwemaacher 'walk of fame' no
Hollywood-Virbild an der Maacher Foussgängerzon ageluecht
kritt ze hunn!
De
25.Mäerz 2011 hällt
d'Rhäifränsch hir uerdentlech Generalversammlung am Café
'Nei Kiischt' of
Den
10., 11., 12. an
den
13. Mäerz 2011 trëtt
d'Rhäifränsch am Spektakel 'Schlüpferesch' am Stued Theater
zu
Gréiwemaacher op: en 'Hommage' un déi 'Wëll Zwanzeger'
mat vill Brillantine, Boa'en, Gesang, e Mäiffelche fir
de Bäichelchen a Schampes!
De
5. Februar 2011 sangen a
spillen d'Elblinger an hiren Orchesterchen e Poutty Stein
& Co. - Programm zu Biissen (Org. Biissener Chorale
Municipale)
Den
28. Januar 2011 lued
d'RF op e Mulleniessen an (als Merci un hir Memberen fir
déi gutt Aarbecht um 'Schéck en op d'Schëff)
2010
Den
20. an
den
21. November 2010 ass
d'Rhäifränsch mat engem Info-Stand um 1. Walfer Museksmaart
am Kader vun de 16. Walfer Bicherdeeg vertrueden.
D'Rhäifränschkapitel 'Schéck en op d'Schëff' ass den 23.
Oktober 2010 mat enger stëmmungsvoller
'Aftershow-Closing-Party am Stued Theater' op en Enn
gaangen. 11 Mol hunn d'Elblinger am ausverkafte Veräinshaus
zu Gréiwemaacher gesonge, gespillt an iwwer 1300
begeeschtert Leit iwwerzeegt. Merci all deenen, déi zum
Gelénge vun dësem flotte Projet bäigedroen hunn!
(Photoen)
Hirt drëtt neit lëtzebuerger Koméidisstéck
'Schéck en op d'Schëff' vu
Schuster & Urwald spillt d'Rhäifränsch den
1.10., 2.10., 6.10., 8.10., 9.10., 13.10., 15.10., 16.10.,
20.10., 22.10. an
den
23.10.2010 um
20:00 Auer zu
Maacher am Veräinshaus.
D'Virstellunge si bis op déi lescht Plaz ausverkaf. 'Schéck
en op d'Schëff' gëtt et och als 'Héierspill' am
Rhäifränsch-CD-Buttek.
Um 61. Wäifest, den
11. an
12. September wor
d'Rhäifränsch zu Maacher mat hirem Cortège-Won 'Georgely,
Georgely, dréi ...! an hire Gedrénks- a Gefréissstänn am
Häffche vum Osbourg-Haus vertrueden. Fir Stëmmung huet den
DJ Hoffi gesuergt.
Miselerland/Rent a Bike - Grousst Volleksfest zu Einen:
Den
30. Mee
2010 fueren
d'ElblingerInnen Velo a sangen e Ständchen zu
Waasserbëlleg, zu Maacher an zu Einen!
Den
10. Mee fänken
d'Prouwen fir Schéck
en op d'Schëff un.
Den
3. an
de
4. Juli 2010 huelen
d'Elblinger an hiren Orchesterchen d'Dialoguen an d'Lidder
vum neie Koméidisstéck am Stued Theater fir den CD
op. (Komplette
Proufplang)
Den
12. Mäerz 2010 gëtt
d'Generalversammlung um 19:30 am Café 'Nei Kiischt'
ofgehalen. Der Rhäifränsch hire neie Fändel gëtt
virgestallt an den zweete 'Gëllene Georgely' gëtt verginn!
De
15. Januar 2010 iwwerreecht
d'Rhäifränsch dem Kannerfoyer Museldrauwen
vu
Gréiwemaacher e Velo an a Gocart, déi mam Benefiz vun
der Den
Tour bleift eisen!-CD kaaf
gi sinn.
2009
De
26. September huet
d'Rhäifränsch zu Iechternach virun der Pir&Pol-Kërrech
no dem Feltesse Georges sénger Héichzäit mam Nancy
d'Bändchen gehalen. Dank dem Yvon séngem iwwerzeegende
Charme konnt d'Rhäifränsch en uerdentleche Stonneloun
asäckelen!
Mam Schoulufank de
15. September huet och
eist Marga säi 50. Gebuertsdag gefeiert. D'Rhäifränsch
iwwerascht d'Marga mat engem
Déck-Tromm-Rabbeltromm-Gesangsoptrëtt virun der 'Neier
Kiischt'.
Um
Maacher Drauwen- a Wäifest den 2.
Weekend am September 2009 sinn och d'Elblinger nees mat Won
a Stand derbäi.
De Kréinungsowend gëtt den
11. September 2009 stëmmungsvoll
vun den Elblinger an hirem Orchesterchen mat engem Poutty
Stein-, Tour de Stränz- a Miselerpotpourri
ageleet.
August 2009:
De Verkaf vum CD 'Den Tour bleiwt eisen!' kléngt esou lues
aus. Ze kafen ass/woer en
an alle grousse 'Surfacen'
(Cactus, Auchan, Saturn...) uechter d'Land a
selbstverständlech op iTunes-Musicstore.
Gréiwemaacher:
LIBO Grevenmacher - MATCH Akafscenter - BAZAR Thiel-Schmit
- CAFE Nei Kiischt
- Iechternach:
TRISPORT - SAMCATS - POBEIER&CO -
Jonglënster:
RISCHETTE - ALAVITA
-
Wasserbëlleg:
Electricité HURT
-
Nidderanven:
TRISPORT
Den
28. Juni 2009 trëtt
d'Rhäifränsch um 14:30 zu Rouspert bäi '50 Joer
Spruddelwaasser' op.
De
17. Juni bréngt
den DNR um 11:15 en Interview mam 'Rhäifränsch-Thierry'.
De
16. Juni stellen
d'Germaine an de Luc vun 10:30 Auer un um RTL-Radio
Lëtzebuerg den neien CD 'Den Tour bleift eisen!' vir.
Den
13. an
de
14. Juni 2009 mécht
d'Rhäifränsch hire Veräinsausfluch op Köln.
8.
Juni 2009:
D'Pressekonferenz mat Live-Musek a Lëtzebuerger Kascht fir
den neien CD 'Den
Tour bleift eisen!' am
Stued
Theater zu
Gréiwemaacher ass
leider ofgesot ginn. Et huet keng Press sech fir deen Owend
ugemellt.
De
6. Juni um 17:00
Auer héiert dir e Bäitrag iwwert 'Den
Tour bleift eisen!' um Radio
100,7 mam Georges U.
Den
10. Mee
2009 huelen
d'Elblinger an den Tritone Studios zu Tréier dräi Stécker
zum Thema 'Tour de France 2009' fir de Lëtzebuerger Radio
op. Mol kucke, wat geschitt ...
Texter: Christiane Urwald-Schiltz, Yvon Streff, Georges
Urwald - Musek: Georges Urwald - Et sangen a spillen
d'Elblinger an hiren Orchesterchen
13. März 2009: Generalversammlung
an der 'Neier Kiischt' mat e.a. den Nominéierungen an der
Iwwerreechung vum 'gëllene Georgely' fir besonnesch
Leeschtungen am Veräin ....
Den éischte
'Gëllene Georgely', deen
een nët ze eescht huelen däerf, awer op deen een houfreg ka
sinn, ass den 13.03.2009 an der Generalversammlung vergi
ginn. Hie geet un de Café Nei
Kiischt vu
Gréiwemaacher. Begrënnung: d'Wirtsfra huet en
Zigarettenautomat eem Piano fir an den neie Café virgezunn.
D'Skulptur am Messing ass vum Artist Michel Feinen fir
d'Rhäifränsch geschaaffe ginn.
29. Januar 2009:
Emissioun 'Um Kiosk' um Radio 100,7 mat der
Rhäifränsch,
mam Luc
a mam Georges U.
21. Januar 2009: Gebuertsdagsiessen
bäim Marga fir all Grënnungsmemberen vun der Rhäifränsch
2008
Den
3. Dezember 2008 ginn
d'Elblinger e Poutty Stein Programm am Café 'Nei Kiischt'
bäim Marga zum Beschten.
An
der
éischter Oktoberwoch 2008 (2.,3.,4.)
hunn d'Elblinger mat engem Poutty Stein-Programm un der
Erëffnung vum Privat-Theater vun der Famill
Urwald-Kauffmann deel geholl.
D'Rhäifränsch huet mat Gedrénksstand a Won um 59. Maacher
Drauwen- a Wäifest vum
12. bis den 14. September 2008 deelgeholl.
De
14./15.Juni 2008 woer
d'Rhäifränsch op hirem 'kulturellen Ausfluch' zu
Rüdesheim/D. Um Programm stungen d'Niederwald-Denkmal
'Germania', d'Wacht am Rhein, d'Kloster St.Hildegard,
d'Loreley a kuerz d'Drosselgasse ...
De flotten Elblinger-Tour 'Elauter Fäi Jongen' duerch
d'Ländchen ass de
6. Juni um
Fieldgen op en Enn gaangen. D'Rhäifränsch seet alle
Bedeelegten an alle Nolauschterer a - kuckerten nach eemol
villmols MERCI fir hiren Asatz an hiren Interessi.
Gespillt gouf zu/um:
16.11.2007 Harel
(Org.:
Kulturkommissioun)
1.03.2008 Bartreng
(Org.:
Bartrenger Kaméidi)
13.04.2008 Beetebuerg
(Org.:
Union Commerciale)
2.05.2008 Marnech
(Org.: www.Cube521.lu)
6.06.2008 'Fieldgen'
(Org.:
Privatlycée Fieldgen)
De
25.04.2008 organiséiert
d'Rhäifränsch hiren zweeten Hausbal 'Di éischt Kiischt' zu
Gréiwemaacher am Bistro Nei Kiischt. Musek: DJ MAJI
70er/80er Musek Entrée: 5 Euro, Virverkaf: 3 Euro
Mat hirem zweete Koméidisstéck 'Eläuter
Fäi Jongen' hun
d'Rhäifränsch, d'Elblinger an den Orchesterchen am
September an am Oktober erëm fir 9 ausverkafte
Virstellungen am Maacher Veräinshaus gesuergt! 'Eläuter Fäi
Jongen' gëtt an deene nächste Méint och auswäerts gespillt.
Eis Marga huet säi neie Bistro zu Maacher an der
Kathreinegaass opgemaat: 'Di
nei Kiischt'
D'uerdentlech Generalversammlung vun der Rhäifränsch gëtt
de
14. Mäerz 2008 am Café
Nei Kiischt ofgehalen.
2007
August 2007: Maacher ass erëm e Stéck méi kléng, Eifelhaus
e Stéck méi grouss: de Stammbistro vun der Rhäifränsch 'A
Kiischten' steet net méi! Schued! Duerfir ass d'Kiischte
Marga elo am Comité vun der Rhäifränsch! Schéin!
2006
Maacher a vill Veräiner traueren ëm de Jagesch Carlo. Hien
ass gestuerwen den 24. November 2006 am Alter vu 70 Joer.
Hien huet der Rhäifränsch asbl virun 3 Joer hire Numm
ginn