Monique
Hermes op mywort.lu
1.04.2011
D'Maacher
"Rhäifränsch" gräift no de Stären!
Et ass bal net ze gleewen an dach wouer: H O L L Y W O O D
huet de Maacher Museksveräin "Rhäifränsch" entdeckt, deen
am Hierscht 2010 d'Koméidisstéck "Schéck en op d'Schëff!"
eelef Mol erfollegräich zu Maacher opgeféiert huet an dee
viru kuerzem och bei dem flotte Spektakel "Schlüpferesch"
am Stued Theater derbäi war!
"De beschte Klupp am Land" ass elo vun der "Chamber of
Commerce" aus där amerikanescher Glamour City mat deem
alleréischte Stär fir deen alleréischte "Walk of Fame" am
Ausland - an dësem Fall zu GRÉIWEMAACHER !!! -
ausgezeechent ginn! An zwar gläich an zwou Kategorien,
nämlech Theater a Musek - et si jo och déi zwou
Disziplinnen, an deenen d'"Rhäifränsch" hiert grousst
Kënnen ëmmer nees ënner Bewäis stellt.
Matzen an der Nuecht koum de Stär um Findel un, an haut de
Moien an aller Härgottsfréi - et war just hell - hunn
d'Membere vun deem dynamesche Musekstheaterveräin sech
zesumme mat hirem Präsident Luc Santer eng grouss Éier
draus gemaach, fir d'Prachtstéck zu Maacher an der
Foussgängerzon anzebetonnéieren. Virun deem schéine
Monument vum Blannen Theis, dee jo och eppes mat
Lëtzebuerger Musek a Lëtzebuerger Kultur ze dinn hat.
"Hollywood Walk of Fame honoured Rhäifränsch a.s.b.l.
Grand-Duchy of Luxembourg Valley of the Moselle - on April
1st 2011. Hollywood Chamber of Commerce", kann een op där
grandioser Auszeechnung a faarwegem Marber liesen.
Selbstverständlech kënnen d'Passanten elo deen alleréischte
Lëtzebuerger Stär op deem alleréischte Lëtzebuerger "Walk
of Fame" zu Gréiwemaacher an der Foussgängerzon bewonneren.
Et misst ee vläicht drop opmierksam maachen, datt um "Walk
of Fame" zu Hollywood a Kalifornien, deen 1958 geschaf
gouf, eng 2.500 Prominenter aus Film, Fernseh, Musek, Radio
an Theater hire Stär hunn. Da versteet een nach besser, wat
fir eng immens Éier dës Auszeechnung fir d'"Rhäifränsch"
ass - an natierlech och fir d'Stad Maacher, well do huet
dee jonke Museksveräin, deen eréischt 2004 gegrënnt ginn a
scho weltbekannt ass, säin Doheem.
An deen Diplom, deen d'Membere vun der "Rhäifränsch"
zesumme mam Stär iwwerreecht kruten, wäerte se wuel arummen
an en an Éieren halen - well esou e Schrëftstéck kritt ee
wierklech net all Dag!
Monique
Hermes am Lëtzebuerger Wort
28.03.2011
„Rhäifränsch“
- méi, wéi e Musekstheater
Lëtzebuerger Musek a Kultur zu Maacher
Bei där 7. Generalversammlung vum Musekstheaterveräin
„Rhäifränsch“ huet de Präsident Luc Santer „dee beschte
Klupp am Land“ esou beschriwwen: „Bäi äis kënnt et drop un,
Lëtzebuerger Musek a Lëtzebuerger Kultur liewen ze loossen.
Dofir fillt ee sech an eisem Veräin richteg doheem.“
Natierlech huet de Sekretär Yves Mersch am Café „Nei
Kiischt“ vun deem groussen Erfolleg geschwat, deen „eng
Dose Sänger a Schauspiller, ‚d’Elblinger’ an e klenge
Bistrosorchesterchen“ mat hirem Koméidisstéck „Schéck en op
d’Schëff“ (Text: Jemp Schuster, Musek: Georges Urwald),
haten, dat am Oktober 2010 eelef Mol am Veräinshaus zu
Maacher opgefouert ginn ass. Et goung och Rieds vun der CD
„Den Tour bleift eisen“, déi fir den „Tour de France“
opgeholl gi war.
Am Mäerz 2011 ass dee stëmmungsvolle Spektakel
„Schlüpferesch“ als Hommage un „déi wëll Zwanzeger“ am
Stued Theater op groussen Uklang gestouss. „Rhäifränsch“ –
dat ass iwwrégens den alen Numm fir eisen Elbling – wäert
och erëm beim Drauwen- a Wäifest am September mat derbäi
sinn. A fir 2013 gouf en neie grousse Projet ugekënnegt,
héchstwahrscheinlech erëm am Veräinshaus zu Gréiwemaacher.
Datt fir de Moment zu Maacher kee Sall zur Verfügung steet,
an deem d’Veräiner sech regelméisseg treffe kënnen, fir hir
Versammlungen ze halen, ass bedauert ginn.
Am Comité vum Veräin, deen eng 32 aktiv Memberen huet, sinn
de Luc Santer, Präsident, de Georges Urwald, Vizepräsident,
den Yves Mersch an de Marc Weber, Sekretären, de Georges
Feltes, Keessier, d’Germaine Begma, d’Marga Sertznig, de
Luss Durel, den Thierry Konsbruck, de Marc Schiltz an
zënter der Generalversammlung och de Jemp Urwald, Memberen.
Den Yvon Streff hat wuel den Nol op de Kapp getraff, wéi en
där ganzer Famill Urwald-Kaufmann villmools merci gesot
huet, fir déi flott Owender an där besonnescher Atmosphär
vum Stued Theater. An de „gëllene Georgely 2010“, deen all
Joer bei der Generalversammlung iwwerreecht gëtt, bleift
dës Kéier aus verschiddene Grënn emol bis op Weideres um
Stued. Et muss ee vläicht drop hiweisen, datt de Maacher
Dréiuergelspiller Georges Weyer (1848-1924) alias
„Georgely“ de Logo vun der „Rhäifränsch“ asbl ass.
Am Numm vum Gemengerot sot den Deputéierte Léon Gloden,
datt dëse „Klupp“ net nëmmen e substantielle Bäitrag zur
Lëtzebuerger Kultur, mä och zu där typescher Miseler
Gesellegkeet leescht. Net nëmmen an der Generalversammlung
huet ee gespuert, datt deen onkomplizéierte Veräin mat deem
originellen Numm „Rhäifränsch“ wierklech drop aus ass, fir
mat senge Koméidisstécker a lëschtegen Optrëtter vill Leit
Freed ze maachen.
Monique
Hermes am Lëtzebuerger Wort
16.10.2010
Zu
Gréiwemaacher am Veräinshaus
„O
Croisiär, mir hunn dech gär!“ - Eng besonnesch musikalesch
Rees mat der „MS Rhäifränsch“
„Süden, Sonn, Mëttelmier, Dëschmusek, Party, Thé dansant an
de Bar- a Bistrosklang, deen der Rhäifränsch esou eege wëll
sënn“, dat alles kann am Oktober zu Gréiwemaacher am
Veräinshaus erliewen an deem turbulente Koméidisstéck an
aacht Biller „Schéck en op d’Schëff!“, dat virun allem
duerch seng Musek bestécht.
D’Geschicht, déi vun den 18 Acteuren a Musikanten – et si
16 Männer an zwou Fraen – aus dem „Musektheaterveräin
Rhäifränsch“ gespillt gëtt, ass ägentlech ganz einfach:
Well et beim Tess doheem net méi esou richteg ze klappe
schéngt, réit dem Tess seng bescht Frëndin Micky him, säi
Mann, den Änder, „op d’Schëff ze schécken“. Dofir kritt de
Keessier vum Kanéngerchersveräin „Eng hanner d’Läffelen“ e
Billjee fir op d’Päischtcroisière geschenkt, „fir datt en
zou sech kënnt“ oder vläicht och „fir 30 Joer trei
Dingschter“...
Den Änder hëlt véier Kollegen aus dem Comité mat, an da
fänkt eng turbulent Croisièreswoch op der „MS Rhäifränsch“
un. D’Crew vum Schëff, véier äerdeg Matrousen an hire
Kapitän, déi all emol eng Kéier am Rolléngergronn geschafft
hunn, mécht hiirt Bescht, fir d’Passagéier ze verwinnen.
Mat schmasseger Musek waarden déi fënnef Musikanten aus dem
Orchesterchen“ oder „The El Plingos Five“ – op gutt
Lëtzebuergesch heescht dat „d’Elblinger“ – esouzesoen Dag
an Nuecht op, net nëmme bei der „Kanéngercherspolka“ fir de
Klupp „Eng hanner d’Läffelen“.
A jo, do dauchen och nach zwou „Amerikanerinnen“ op… Et
handelt sech ëm d’Micky an ëm d’Tess, déi esouzesoen als
„blann Passagéier“ (oder als Spiouninnen) op der „MS
Rhäifränsch“ sinn. Jee, „si sëtzen all an engem Boot, déi
eng rudderen an déi aner raschten“ – oder och net… Moies
gëtt e schéine Buffet opgedëscht. An et ass natierlech och
e „Käptensdinner“. Wéi d’Geschicht ausgeet, soll op dëser
Plaz net verroden ginn. Just nach esou vill, datt et eng
ganz speziell Croisière ass, op déi ee gespaant sinn däerf!
Dofir heescht et dann och ewéi aus engem Mond am
Schlusslidd: „O Croisiär, mir hunn dech gär! O Croisiär, du
bass eise Stär.“
Et däerf ee roueg behaapten, datt dat an deem drëtten neie
Koméidisstéck vun der Maacher Rhäifränsch, dat exzellent
Zesummespill tëscht dem Regisseur Jemp Schuster (deen och
fir den Text zoustänneg ass), dem Orchester mat sengem
talentéierte Pianist Georges Urwald (deem d’Musek
ënnersteet), an alle Spiller a Sänger opfällt. „Schéck en
op d’Schëff“ bréngt dat gutt op d’Brieder, „wat an deenen
zwee Keep vu Schuster an Urwald stécht“. Eleng wéinst där
musikalescher Leeschtung soll een d’Stéck onbedingt
lauschteren a kucke goen.
Virstellunge vum Kaméidisstéck „Schéck en op d’Schëff“ sinn
de 6., 8., 9., 13., 15., 16., 20., 22. an 23. Oktober 2010
am Veräinshaus an der Kierchestrooss zu Gréiwemaacher.
Entrée: 12 Euro, Kanner: 6 Euro. Réservatioun: 621 32 28
35.
www.georgely.lu