De
Musekstheaterveräin 'Rhäifränsch Asbl' vu Gréiwemaacher
beoptragt, organiséiert a verwirklecht nei
lëtzebuergësch-sproocheg Musekstheaterproduktiounen.
D'Rhäifränsch vertrëtt de Genre vum traditionnelle
'Koméidisstéck wéi virun honnert Joer': eng lëschteg
Geschicht aus dem Alldag, déi dem Vollek gären op de Mond
kuckt, eng Musek, déi zougänglech, usprochsvoll an zäitlos
wëll sinn, eng Dozend Sänger a Schauspiller 'd'Elblinger'
an e klenge Bistrosorchesterchen. Dat Ganzt an engem
uresch-heemleche Raum viru ronn honnert Nolauschterer a
-kuckerten.
D'Rhäifränsch ass 'en onofhängegt Konglomerat vun
erzkonservativen Anarchisten déi sech fir ee sozialen,
ökologesch wéi ökonomesch nohaltege Bäitrag zu eiser
Kulturlandschaft asetzt mat liicht liberalisteschen
Tendenzen'. (Marc W.)
Als Logo gëtt sech d'Rhäifränsch den Dréiuergelsspiller
Georgely (Georg Weyer, 1848-1924) aus Gréiwemaacher. Hien
huet do gespillt, wou ‚eppes lass wor’: op der Fouer, um
Oktave-Mäertchen, op Kiermessen ... „Etwas abseits vom
Getriebe der Schobermesse, damit er nicht zertreten werde,
hatte sich der verrunzelt geborene Schorscheli (anerer
soen, hien hätt ‚Rachitis’ gehat) aus Grevenmacher mit der
Drehorgel aufgestellt und quetschte piepsende Musik aus
seinem Kasten.“ (Joseph Hess)
Zeechnung
Haaptsäit: Marc Denter